arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frieme Mann schléit klengem Kand op de Kapp an ass elo wéinst Mordversuch ugeklot

National

|
headphones

1 min

Frieme Mann schléit klengem Kand op de Kapp an ass elo wéinst Mordversuch ugeklot

Um Donneschdenowend huet ee Mann, ouni erkennbare Grond, engem aacht Méint aalen Kand mat der Fauscht op de Kapp geschloen. Den Tëschefall war an der Avenue Emile Reuter.

headphones

1 min

D'Mamm vum Kand hat dëst am Moment vum Tëschefall um Aarm. De Papp vum Kand ass dem Mann dunn nogelaf. Dësen huet sech an engem verloossenen Haus an der Areler Strooss opgehalen. D'Police konnt de Schëllege kuerz drop festhuelen. Hien gouf dem Untersuchungsriichter präsentéiert a wéinst Mordversuch ugeklot.

D'Kand koum fir d'Observatioun an d'Spidol.