arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suite an der "RTL/Lunghi-Affär": Ugangs Februar kritt den Enrico Lunghi de Prozess gemaach

EX-MUdam Direkter

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Suite an der "RTL/Lunghi-Affär": Ugangs Februar kritt den Enrico Lunghi de Prozess gemaach

Den 3. an de 4. Februar kréien de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi a seng Fra Catherine Gaeng de Prozess gemaach, wéinst Violatioun vum Secret de l’instruction a Recel. Déi zwee Ugeklote kréien also virgehäit, Informatiounen aus der Enquête vum Untersuchungsriichter ëffentlech gemaach ze hunn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Den Appelprozess an der sougenannter “RTL/Lunghi-Affär” ass nach net eriwwer, do steet awer schonn den nächste Prozess an dëser Affär virun der Dier.

Am Juli 2021 hat de fréieren RTL-Journalist Marc Thoma eng Plainte gemaach an deem Sënn, an am Juni 2022 de fréieren RTL-Chef Alain Berwick, all Kéiers mat Constitution de partie civile. 

Fir op deen neie Prozess anzegoen, muss ee fir d’éischt deen initiale beliichten. An der “RTL/Lunghi-Affär” geet et ëm en Interview vun RTL-Telé Lëtzebuerg, deen d’Sophie Schram am September 2016 mam deemolege Mudam-Direkter gemaach hat. Dobäi hat den Enrico Lunghi ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl.

An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wär manipuléiert gewiescht. Am Appellprozess dozou sollt Enn Oktober en Urteel gesprach ginn. Well e Riichter awer op onbestëmmten Zäit medezinesch verhënnert ass, gëtt deen Appellprozess den 18. an de 25. Mäerz nei opgerullt.

Enrico Lunghi a seng Fra solle confidentiell Informatioune verëffentlecht hunn

Am Prozess, elo, géint den Enrico Lunghi an d’Catherine Gaeng geet et ëm de Reproche vun der Publicatioun vu confidentiellen Informatiounen. Vun November 2018 un, nodeems den Enrico Lunghi vu sengem Affekot, dem Me Jean-Marie Bauler, Elementer vun der Instructioun an der Affär Lunghi/RTL iwwergi krut, goungen déi un d’Catherine Gaeng weider. Déi hat am Mee 2021 e Buch mam Titel “Donc, nous avons menti au public” am Zesummenhank mat der Affär Lunghi/RTL publizéiert. Dora gouf den Instructiounsdossier a groussen Deeler erëmginn, mee déi Instruction koum eréischt am Oktober 2021 op en Enn.

Geld- an/oder Prisongsstrof méiglech

Am Oktober 2024 gouf en Non-lieu gesprach zu Gonschte vum Me Bauler, an zënter Oktober 2025 steet definitiv fest, datt den Enrico Lunghi an d’Catherine Gaeng de Prozess gemaach kréien. Den Ex-Mudam-Direkter riskéiert wéinst der Violatioun vum Secret de l’instruction eng Geldstrof vu bis zu 10.000 € a seng Fra wéinst Recel eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer an eng Geldstrof vu bis zu 5.000 €.

play_arrow Lauschteren