arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deelweist Exercéierverbuet fir Dokter aus den HRS - Affekot reagéiert

Virwërf vun onnéidegen Agrëff

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Deelweist Exercéierverbuet fir Dokter aus den HRS - Affekot reagéiert

D’Verwaltungsgeriicht wäert mat der Décisioun vun der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez befaasst ginn, fir engem Orthoped aus den Hôpitaux Robert Schuman d’Exerzéiere vu sengem Beruff deelweis ze verbidden. Sou steet et an engem Schreiwes, vum Dokter sengem Affekot.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Justiz | © Bigstock / AndreyPril
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

De Me François Prum reagéiert dora schaarf op d'Decisioun vun der Ministesch um Donneschdeg. Säi Client géif déi Decisioun zur Kenntnis huelen, schreift de fréiere Bâtonnier um Ufank nach gedam. Ier hien da schwéier Reprochë géint d’Ministesch an de Collège médical erhieft.

D’Decisioun vun der Ministesch géif nämlech eng nei, uerg Attack op d’fundamental Prinzippie vum Rechtsstat duerstellen, esou de Me Prum. Zu där Decisioun wier et an der Suite vun enger Rëtsch vu prozeduralen Irregularitéite komm, déi vun enger, “particulière gravité” wieren. Déi wiere souwuel dem Collège médical wéi och der Ministesch zouzeschreiwen. Dobäi wier déi de leschte Verfassungsgarant.

"Denoncatioune sinn net sachlech"

Säi Mandant géif déi net fondéiert Virwërf géint hien op dat Schäerfst contestéieren. Zu deene Reprochë wier et op Grond vun anonymmen Denonciatioune komm, deenen all sachlech Prezisioun feele géif. Et wier, juristesch gesinn, inacceptabel, datt sou wäitgräifend Mesuren ergraff gi wieren, a Violatioun vun ënner anerem den Droits de la défense. Dës arbiträr an disproportionéiert Decisioun géif dem Medezinner en dauerhaften an net justifiéierte Schued u senger Reputatioun a senger Beruffséier abréngen. Dobäi wier dee bekannt fir seng Kompetenz a säi Verantwortungssënn.

Dowéinst géif et zu engem Recours um Tribunal administratif kommen, heescht et um Enn vum Communiqué vum Me Prum. Deem säi Client, op Nofro hi bei sengem Affekot, de Moment näischt zu där Affär soe wëll.

Keng Operatiounen mee awer Consultatiounen

D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez hat um Donneschdeg decidéiert, datt de viséierten Dokter 3 Méint laang keng Autorisatioun méi huet, fir ze operéieren. Hien dierf awer nach Consultatioune maachen. Virun där Decisioun haten d’Hôpitaux Robert Schuman den Dokter temporär suspendéiert. Hien däerf awer weider a sengem Cabinet am Kierchbierger Spidol consultéieren. Dat huet de Spriecher vum HRS-Grupp eis um Freidegmoie confirméiert. De Cabinet wier eng Privatpraxis vun engem liberalen Dokter, an deem hien natierlech consultéieren dierft.

play_arrow Lauschteren