D’Koppel krut de Prozess gemaach, well si Informatiounen aus der Enquête vum Untersuchungsriichter ëffentlech gemaach sollen hunn.
D’Fra vum Enrico Lunghi hat am Mee 2021 e Buch am Zesummenhang mat der Affär "Lunghi/RTL" publizéiert. Dora gouf den Instruktiounsdossier a groussen Deeler erëmginn. Déi Instruktion koum eréischt fënnef Méint drop op en Enn.
D’Urteel gëtt den 18. Mäerz gesprach.