arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 123 Kilo Cannabis am Cargocenter um Findel saiséiert

National

|
reading time

1 min

123 Kilo Cannabis am Cargocenter um Findel saiséiert

D‘Douane huet am CargoCenter um Findel erëm eng gréisser Drogesaisie gemaach. Wéi de Parquet matdeelt, hunn d‘Douaniere bei enger Kontroll - Ufank Mäerz - iwwer 123 Kilogramm Cannabis fonnt.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D‘Droge waren an engem Fliger, deen aus den USA koum an a Frankräich sollt weider fléien. Si waren an Dekokësse verstoppt.

Déi franséisch Autoritéite sinn direkt informéiert ginn, an d‘Droge ginn elo, wéi et virgesinn ass, zerstéiert. Et géif sech hei ëm en internationalen Drogentrafic vun der organiséierter Kriminalitéit handelen, esou nach de Parquet.