arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amir Vesali zum Wiessel vun der LSAP bei d'CSV: "Ech gouf blockéiert"

Parteien

|
reading time

1 min

headphones

9 min

play_arrow

Amir Vesali zum Wiessel vun der LSAP bei d'CSV: "Ech gouf blockéiert"

Nodeems gëschter bekannt ginn ass, datt de fréiere Co-President vun de jonke Sozialisten, den Amir Vesali, vun der LSAP bei d’CSV wiesselt, huet hien am 100,7-Interview gesot, datt d’Grënn dofir villsäiteg wieren.

reading time

1 min

headphones

9 min

play_arrow

Hie géif an der CSV och Wäerter gesi mat deenen hie sech identifizéiere kéint, wéi Solidaritéit oder Chancegläichheet. An déi pragmatesch Approche, dat Wirtschaftlecht an dat Soziaalt zesummenzebréngen, géif him bei der CSV gefalen.

"Ech gouf blockéiert"

Just dowéinst wier hien awer net gewiesselt, esou den Amir Vesali.

“Et ass ee Moment komm, wou ech gesot hunn: Gesinn ech mech nach an der LSAP? Ech hat d'Impressioun, datt ech blockéiert gi sinn, datt et net méi ëm d'Saach gaangen ass, mee vu verschiddene Säiten et ganz perséinlech ginn ass. Mee ech hunn, wéi ech deemools als Jonke mat 17, 18 Joer ugefaangen hunn, Politik ze maachen, ass et mir virun allem ëm d'Saach gaangen, ëm d'Leit, all déi Leit, déi keng Stëmm hunn. An do wollt ech erëm méi Fokus drop leeën. A leider war et fir mech dann an der LSAP net méi méiglech.”

Eng Parteikaart bei der CSV hätt hien nach net. Wann hie sech awer antëschent géif engagéieren, da voll a ganz, sot den Amir Vesali nach.

play_arrow Lauschteren