arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Premier "de verlängerte Weekend verschäissen": déi Lénk maachen Opruff fir 1. Mee

Nationalkongress

|
reading time

2 min

Dem Premier "de verlängerte Weekend verschäissen": déi Lénk maachen Opruff fir 1. Mee

Mat de Wierder "Kommt, mir verschäissen dem Premier säi verlängerte Weekend" gouf um Kongress vun déi Lénk zu enger Maniff dëse Freideg 1. Mee an der Stad opgeruff. Ënner dem Slogan "De soziale Fortschrëtt organiséieren" hunn déi Lénk op hirem Kongress net u Kritik un der CSV-DP-Regierung gespuert.

reading time

2 min

Nationalkongress  | © Sophie Schroeder
Nationalkongress (Foto: Sophie Schroeder)

D'Kritik war virun allem a Saache Logement, Sozialpolitik a Mindestloun. D’Co-Spriecherin Carole Thoma huet e Loyersdeckel, méi ëffentleche Wunnengsbau an eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun gefuerdert.

Vum Hierscht u wäerten d’Ana Correia an de Gary Diderich déi aktuell Deputéiert Marc Baum an David Wagner an der Chamber ersetzen. déi Lénk schaffe mat engem Rotatiounsprinzip.

Der Ana Correia no wier dat grad elo, zwee Joer virun den nächste Walen, eng Erausfuerderungen. Et hätt ee sech awer intensiv op dat neit Mandat virbereet, esou déi zukünfteg Deputéiert.

Rotatiounsprinzip gëtt nei ofgestëmmt

Enn dëst Joer wéilten déi Lénk bei de Statutenännerungen nach eemol doriwwer diskutéieren, ob d’Partei weider um Rotatiounsprinzip festhält, esou d'Ana Correia. 

“Dat sollt eng fräi Entscheedung si fir d'Memberen, ob mir nach um Rotatiounsprinzip wäerten halen oder net. An dat wäert sech am Dezember weisen." 

D'Membere géifen esouwuel déi positiv wéi och déi negativ Säite vum Rotatiounsprinzip mat op de Wee kréien.

"Datt een doriwwer diskutéiert, wat mir och schonn an der Nationalkoordinatioun gemaach hunn. An dat ass dat, wat ech wäert garantéieren, egal ob direkt Betraffenen oder Net betraffenen." 

Um Kongress gëschter war et dann och nach de Vott vun der neier Nationalkoordinatioun, déi aus jeeweils 17 Fraen a Männer besteet. Déi bestëmmen am Mee dann déi nei Co-Spriecher:inne vun der Partei.