Bis elo war d'Offer vu franséischsproochege Klassen nëmmen op verschidde Lycéeë limitéiert. Den Ausbau géif de Schoulsystem "weider splécken" an een "Niewentenee vu sproochleche Parallelstrukture" schafen, kritiséiert d'ADR an engem Communiqué.
Et wier och bedenklech, datt esou eng Reform vu grousser Envergure hanner zouenen Dieren an ouni seriö Consultatioune mat den Acteure vum Terrain géif decidéiert ginn.
Och d'Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL hat d'Virgoe vum Minister an dësem Dossier kritiséiert.
D'ADR fuerdert, datt d'Regierung déi geplangten Ännerunge soll stoppen an eng national Debatt iwwer d'Zukunft vun der Schoul an d'Weeër soll leeden.