arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaarf Kritik vum SEW/OGBL um Educatiounsminister: Roude Fuedem bei de Reforme feelt

Educatioun

|
reading time

1 min

Schaarf Kritik vum SEW/OGBL um Educatiounsminister: Roude Fuedem bei de Reforme feelt

Den SEW/OGBL kritiséiert an der Haaptsaach d'Manéier, wéi den DP-Educatiounsminister Claude Meisch de weideren Ausbau vun der franséischsproocheger Offer am Secondaire an an der Beruffsausbildung ugekënnegt huet.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Op en Neits wieren d'Gewerkschaften an déi zentral Acteure vum Terrain net mat agebonne ginn. Si wieren iwwer d'Press gewuer ginn, wat de Minister plange géif. Fir den SEW weist dat, datt de Minister ëmmer méi autoritär a sengem politesche Stil géif ginn. 

Den SEW stellt a sengem Communiqué net a Fro, datt de Lëtzebuergesche Schoulsystem sech misst un déi sproochlech Diversitéit an der Gesellschaft upassen, mee d'Enseignantsgewerkschaft vermësst ee roude Fuedem. 

Zënter Jore géife Reform u Reform uneneegeréit ginn, mee et wier nach ni eng grouss Debatt gefouert ginn doriwwer, wouhin de Schoulsystem sech soll entwéckelen, esou den SEW. 

D'Gewerkschaft vermësst eng grouss Visioun, eng kohärent Gesamtstrategie a fuerdert d'Regierung op, ee breeden demokratesche Consultatiounsprozess iwwer d'Zukunft vun der Schoul ze lancéieren.