arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amerikanesch Studenten zu Lëtzebuerg: Vum Openthalt an Europa profitéieren

Miami University Luxembourg

|
reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow

Amerikanesch Studenten zu Lëtzebuerg: Vum Openthalt an Europa profitéieren

D'Miami University zu Lëtzebuerg: Dat huet näischt mat der US-Metropol am Bundesstaat Florida ze dinn. An och d'Léiere steet net onbedéngt un éischter Plaz. Wat et domat op sech huet, dat huet den Nach-Direkter vun der Miami University Luxembourg am 100,7-Interview erkläert.

reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow
De Raymond Manes | © Jo Diseviscourt
De Raymond Manes (Foto: Jo Diseviscourt)

De Miami University Dolibois European Center in Luxembourg, kuerz MUDEC, huet – anescht wéi ee menge kéint – näischt mat der bekannter US-Metropol Miami am Bundesstaat Florida ze dinn.

Wann Dir dat gemengt hutt, sidd Dir awer net den eenzegen, wéi och den Direkter vum MUDEC, de Raymond Manes, am 100,7-Interview erkläert.

1809 gerënnt: Eng vun den eelsten Unien an Amerika

De Raymond Manes ass 2002 Sous-Direkter vum MUDEC ginn an 2020 Direkter. An e puer Deeg geet hien awer elo an d’Pensioun.

Mat “Miami” ass u sech d’Indianervollek gemengt, dat de selwechten Numm dréit, wéi den Direkter erkläert.

“D’Miami Indianer waren 1809 um Territoire, op deem d’Uni gegrënnt ginn ass. Et ass och eng vun den eelsten Unien an Amerika.”

Nom ëmstriddenen Accord mat den indigène Stämm, déi zu engem Groussdeel an de Bundesstaat Oklahoma hu missen ëmsidelen, sinn awer e puer Miami-Indianer bliwwen an a Richtung Florida gaang, wou se déi haut weltbekannt Stad Miami gegrënnt hunn.

D’Universitéit Miami läit iwwerdeems am Bundesstaat Ohio, an enger klenger Stad mam Numm Oxford – déi huet awer och näischt mat der weltberüümter Unisstad an England ze dinn.

John E. Dolibois: Zu Lëtzebuerg gebuer a grouss Karriär gemaach

Den ‘D’ am Numm MUDEC steet fir Dolibois. Dat war de Familljennumm vum John E. Dolibois, deen 1918 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm ass. 10 Joer drop ass hie mat sengem Papp an d’USA gezunn. Och wann hien deemools kee Wuert Englesch konnt, huet hien de ganze Schoulparcours bis op d’Uni gemeeschtert.

Als Zaldot ass hien zeréck an Europa komm. Zum Schluss vum Krich war hien als Iwwersetzer an Interviewer am Asaz. Wou hien zeréck an d’USA komm ass, huet hie fir d’Miami University als Vice President for Alumni Affairs geschafft.

D’Uni hat dee Moment scho länger d’Iddi, eppes am Ausland ze maachen, erzielt de Raymond Manes. Déi Iddi, déi e puer Proffen haten, ass awer dunn iergendwann am Tirang verschwonn. Den John E. Dolibois huet se nees opgegraff.

“An hie sot, wa mir eppes am Ausland maachen, dann an Europa. A wa mir eppes an Europa maachen, dann zu Lëtzebuerg.”

Et waren d’1950er Joren a Lëtzebuerg war am gaangen, grouss Efforten ze maache fir sech international opzestellen. D’Uni wollt dem Dolibois awer net blann vertrauen an huet Lëtzebuerg mat 5 anere Stied verglach.

D’Resultat war awer dat, datt de Grand-Duché effektiv als Standuert fir eng Antenn gëeegent wier.

Den John E. Dolibois ass spéider nach ënner dem US-President Ronald Reagan Amabassadeur zu Lëtzebuerg ginn.

Bis zu 180 Studenten a Studentinnen

Hautdesdaags kommen d’Studenten a Studentinne fir héchstens ee Semester op Lëtzebuerg. Meeschtens, wann an den USA grad keng Coursë sinn.

“Oxford ass eng Uni-Stad. D’Uni ass komplett an d’Stad integréiert. Am Summer, wann net vill Studenten do sinn, dann ass dat eng doudeg Stad.”

180 Leit kënnen zu Lëtzebuerg maximal opgeholl ginn. Eng 20.000 Studenten zielt d’Uni insgesamt.

Zu Lëtzebuerg leien d’Schwéierpunkte vun de Coursen op der Wirtschaft an de Banken. Et ginn awer och Kooperatioune mat Architekten, der Lunex zu Déifferdeng oder der International School zu Déifferdeng, wou angehend Proffen do e Stage maachen.

Vum Openthalt an Europa profitéieren

Dat Schoulescht steet awer net ëmmer am Vierdergrond, wéi de Raymond Manes zougëtt.

“D’Studente profitéiere fir innerhalb vun Europa ze reesen. (...) Ech soen ëmmer, dir sidd nach ëmmer op der Miami, dir musst ëmmer nach e gewëssenen Effort maachen. Mee et ass richteg: Reesen ass wichteg.”

Grad an Zäite vun America First kéint ee mengen, datt liberal Unie wéi d’Miami ënner politeschen Drock geroden. Dat wier awer bis elo nach net de Fall, verséchert den Direkter.

“D’Miami war ëmmer op där Schinn ze soen, als Uni si mir neutral. Ohio ass och e Swingstate. Do kënnen an enger Koppel en Demokrat en ee Republikaner sinn. Mir hunn och keng Gelder gestrach kritt, well mir och net vill Recherche maachen an esou och net vill ëffentlech Gelder dragestach ginn.”

Mat de Studenten oder de Proffe géing een och net vill iwwer Politik schwätzen, seet de Raymond Manes.

D'Covid-Kris iwwerlieft

Wou hien 2020 Direkter ginn ass, stoung hien direkt virun engem risegen Defi: Covid. “Ech hat e Campus ouni Studenten”, seet den Direkter. Eng aner Antenne vun enger amerikanescher Uni – d’Sacred Heart University – huet hir Dieren zu Lëtzebuerg an där Zäit missen zoumaachen.

D’Miami University huet awer duerchgehal. Op där enger Säit, well d’Proffen an den USA op der Uni d’Eltere vun de Studenten iwwerzeege konnten, hir Kanner awer an d’Ausland ze loossen. Op där anerer Säit, well zu Lëtzebuerg d’Kooperatioun mat de Ministere ganz gutt verlaf wier, wéi de Raymond Manes betount.

Vu Famillen an déi eege Wunnengen

Laang Joren hunn d’Studente bei Famillje gewunnt. Elo huet de MUDEC eng 50 Wunnengen, déi ee selwer geréiert, wou d’Studente kënnen ënnerbruecht ginn.

Scho viru Covid hätt ee gemierkt, datt ëmmer manner jonk Studente bei Famille wéilte wunne goen, erkläert de Raymond Manes.

“1997 si mir aus der Stad op Déifferdeng gaang. Mir hunn en neie Pool u Famille missen opbauen. Mee fir d’Studente war et ze wäit wa si nach an der Stad gewunnt hunn. Souguer fir Amerikaner, déi jo soss ëmmer en Auto hunn.”

Dobäi kéim, datt d’Populatioun hei am Land och hir Gewunnechte geännert hätt, an net méi esou oppe wier fir auslännesch Studenten opzehuelen.

play_arrow Lauschteren