Et geet heibäi net ëm d’Reproche vun Harcèlement, déi an de leschte Méint d’Aktualitéit ronderëm d’uni.lu dominéiert hunn. Et geet ëm een Interessenskonflikt, deen dem Institute for Advanced Studies (IAS) bei der Verdeelung vu Fuerschungsgelder reprochéiert gouf.
Wat ass geschitt?
Den IAS ass een Organ vun der Lëtzebuerger Uni, déi pro Joer e gewësse Budget hu fir interdisziplinär Recherche-Projeten ze ënnerstëtzen. Zënter fënnef Joer gëtt et den IAS. Fuerscher:inne kënnen als Ekipp ee Projet erareechen.
Ee Grupp vun zéng Leit, de Scientific Council, decidéiert dann, wien d’Fuerschungsgelder kritt. Ëm dee Grupp geet et an den aktuellen Diskussiounen. Dee gouf bis ewell vu fënnef Leit aus der Uni, also Internen, a fënnef Leit baussent der Uni, also Externen, zesummegestallt.
Wéi kënnt een un déi Fuerschungsgelder?
Zejoert goufen am Ganze 24 Projeten eragereecht, fënnef goufen der zeréckbehalen a kruten d’Fuerschungsgelder am Dezember zejoert zougesprach.
Am Januar huet awer een anonymme Bréif op een Interessenskonflikt higewisen: Eng vun den Interne Memberen aus dem Scientific Council ass un engem Projet, dee Fuerschungsgelder zougesprach krut, bedeelegt.
Wat besoen d’Reegelen?
Recherche weisen, datt d’Fuerscherin, wéi d’Deontologie et och verlaangt, selwer net am Raum war, wärend de Scientific Council sech iwwer hire Projet beroden huet. Si wier och net un der Decisioun zu Gonschte vun hirem Projet bedeelegt gewiescht.
Recherche weisen och, datt et keng Reegel gëtt, déi et verbitt, datt ee Member vum Scientific Council net och selwer dierf ee Projet erareechen. Deemno gouf zu deem Moment géint keng Reegel verstouss.
Wéi geet et weider?
Nodeems den Inhalt vun den anonymme Bréif mam Hiweis op en Interessenskonflikt säi Wee an d'Press fonnt huet an och d'Politik drop reagéiert huet, gouf um Enn alles annuléiert. Offiziell huet d’Rektorat déi Decisioun getraff.
Eisen Informatiounen no huet d’Rektorat awer net aus fräie Stécker gehandelt, mee krut wuel mat Nodrock vum Ministère un d’Häerz geluecht, alles ze annuléieren.
Och wann d’Rektorat net hätt missen dat ëmsetzen, wat de Ministère hinnen un d’Häerz leet, esou ass d’Uni awer finanziell ofhängeg vum Ministère. Et kann een also vun engem Agrëff vun der Politik an d’Autonomie vun der Universitéit schwätzen.
Elo gëtt d’Ausschreiwe vun de betraffene Fuerschungsgelder nei opgerullt, déi 24 initial Projete goufe gebieden, hire Projet nach eemol eranzereechen, an iwwer d’Summerméint sollen dann zéng extern Experten d’Projeten evaluéieren.