arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erhéijung vum Mindestloun féiert zu "Däiwelskrees, dee mir eis net leeschte kënnen"

UEL-President Michel Reckinger

|
reading time

5 min

headphones

16 min

play_arrow

Erhéijung vum Mindestloun féiert zu "Däiwelskrees, dee mir eis net leeschte kënnen"

Wéi soll de Mindestloun gerechent ginn? Dat ass déi grouss Fro, an där sech Regierung a Gewerkschaften net eens sinn. Wéi ass ass et awer mam Patronat? Fir den UEL-President Michel Reckinger feelt et an éischter Linn u klore Krittären.

reading time

5 min

headphones

16 min

play_arrow

Eng EU-Direktiv gesäit vir, datt de Mindestloun an Zukunft ronn 60 Prozent vum Median-Salaire entsprieche soll. Wéi awer genau de Median-Salaire gerechent soll ginn, do scheede sech zu Lëtzebuerg nach d’Geeschter.

Kloer Ziler vu Bréissel

Fir de President vum Patronatsverband UEL, de Michel Reckinger, ass d’Rechnung, wéi se elo gemaach gëtt, och déi, wéi d’Direktiv se virgesäit. Hie kritiséiert am 100,7-Interview allerdéngs, datt et elo zu esou Diskussioune kënnt.

“Déi Diskussiounen, déi hätt ee sech kënne spueren, wann et virun engem Joer kloer gesot gi wier. Dann hätt een net op falscher Basis missen diskutéieren.”

D’Direktiv vu Bréissel hätt als grousst Zil, d’Scheier tëschent Aarm a Räich méi no ze bréngen, och op europäeschem Niveau, esou de Michel Reckinger. Am Grand-Duché hätt ee schonn “de beschte“ Mindestloun. Wann een elo par rapport zu den aneren EU-Länner “no vir fortlafe géing”, da géing een näischt zu deem Zil bäisteieren.

Lëtzebuerger System schonn no un der Direktiv drun

Och soll den Niveau vum Mindestloun der Direktiv no “adäquat” sinn. All Land soll sech kloer Krittäre ginn, wéi e gerechent gëtt. Do léich zu Lëtzebuerg nach de Problem, seet den UEL-President.

“Komm mir ginn eis mol richteg Krittären.”

D’Direktiv gesäit zum Beispill een “organe consultatif” vir. An Däitschland vergläichbar mat der Lohnfindungskommission. Déi solle sech all 2 Joer gesinn, fir de Mindestloun ze héijen, respektiv all 4 Joer wann een en automateschen Index-System huet.

Mat esou engem System misst een net ëmmer diskutéieren, stellt de Michel Reckinger fest. E géing och op de Lëtzebuerger Code de travail passen.

“Do steet jo och dran, datt de Mindestloun reegelméisseg erhéicht muss ginn.”

UEL fuerdert méi prezis Krittären

D’Regierung géing den Eurostat-Wäert als Basis fir hir Rechnung huelen. Dat geet dem Patronat awer net duer.

Et bréicht ee méi Krittären, fir eng méi genau Basis bestëmmen ze kënnen. Déi ekonomesch Lag vun de Betriber misst genau gekuckt ginn. Ausserdeem misst tëschent de Secteuren ënnerdeelt ginn. Horesca, Commerce an Artisanat hu méi Leit fir de Mindestloun agestallt wéi d’Banken oder de Staat. Domat net genuch:

“PIB, Chômage, Zuel vu Failliten, gratis Kannerbetreiung. All dat muss an déi Rechung mat kommen, fir hannendrun de reelle Mindestloun ze rechnen.”

D’UEL ass also net onbedéngt am Konsens mat der Regierung. E Clash wéi bei de Gewerkschafte gouf et awer och net.

“Mir sinn e responsabele Sozialpartner. Mir lafen net fort. Mee mir sinn net d’accord mat der Diskussioun, déi denkt ze kuerz.”

Secteure kéinten "un de Rand vun der Existenz" gedréckt ginn

Eng Suerg vum Patronat ass et och, datt d’Erhéijung vum Mindestloun sech bei verschiddene Betriber op bis zu 60 Prozent vum Rescht vun de Salairen auswierke kann. Nieft dem Mindestloun géing nämlech och de qualifizéierte Mindestloun, deen 20 Prozent méi ass, beaflosst ginn.

“Mir drécken domat an d’Struktur vun de Gehälter an engem Betrib eran. (...) Dat bréngt eng Verdeierung vun der Aarbecht. De Risiko ass, datt mir Secteuren, deenen et haut net gutt geet, un de Rand vun der Existenz drécken.”

Wann d’Präisser esou héich sinn, datt de Client net méi bezuele kann oder wëllt, da misste Betriber zoumaachen, warnt de Michel Reckinger.

Michel Reckinger warnt virun engem Däiwelskrees

De qualifizéierte Mindestloun ofschafen, esou wéi d’Handwierkerfederatioun dat nach viru Kuerzem gefuerdert hat, wéilt een net. Et wéilt een als UEL awer eng “Desolidarisatioun” tëschent dem Mindestloun an dem qualifizéierte Mindestloun upeilen.

Datt een deene Leit, déi am mannste Sue verdéngen, hëllefe muss, dat streit de Michel Reckinger net of. Hie weist drop hin, datt een an deem Fall un de sëllegen Aiden, déi ee kann ufroen, schaffe soll. De Mindestloun erhéije kéint nämlech nach weider negativ Konsequenzen hunn.

“Dat dreift d’Inflatioun un. Muss et dann nees ëmmer méi deier ginn? Da kënnt nees eng Indextranche. Dat ass e Cercle visieux, dee mir eis net leeschte kënnen.”

UEL-President bleift optimistesch

Bis Enn dës Joers muss dës Direktiv ëmgesat sinn. Et géing elo keng Ursaach ginn, sech ze hetzen, mengt de Michel Reckinger. Wann ee sech op kloer Krittären a Rechungsmethoden festgeluecht hätt, an och en organe consultativ en place gesat ass, da kann een “dat ëmsetzen an de den effektive Mindestloun fir déi nächst véier Joer festleeën.”

Mam gudde Wëlle vun alle Bedeelegte wier dat méiglech, mengt den UEL-President.

Zuele vum Aarbechtsmarché sinn eng kloer Warnung

Kappzerbrieches missten dem Patronat awer och déi neitste Chiffere vum Aarbechtsmaart maachen. De Chômage ass bannent engem Joer – vu Februar op Februar gekuckt – ëm méi wéi 9 Prozent geklomm. Opfälleg ass och, datt et net méi onbedéngt déi onqualifizéiert Aarbechtsplaze sinn, déi fortfalen.

Dem Michel Reckinger seng Analys ass kloer: Zënter 2022 gëtt et kee Wuesstem méi.

“Dat bedeit eng fundamental Rupture. Wa mir net méi wuessen, kënne mir keng Aarbechtsplaze schafen.”

Hien nennt ënner anerem d’Beispill, datt am Joer 2022 op der Adem nach 13.000 Posten ausgeschriwwe waren. D’lescht Joer waren et manner wéi d’Hallschent. 2025 sinn et och ronn 1.200 Faillitte ginn.

De Michel Reckinger wëllt awer nach net vun enger Kris schwätzen, mee et wiere kloer Warnzeechen. Nach hätt een “Zigel an der Hand”, mee wann een net oppasse géing, da kéint et eis esou ergoe wéi eisen Nopeschlänner, wou eng Reform no der anerer ugekënnegt gëtt, an een an Däitschland scho “mam Kapp an der Mauer hänkt”, seet de Michel Reckinger.

 

play_arrow Lauschteren