An der Diskussioun huet de Procureur d’État vum Stater Parquet Zuelen aus de leschte Jore genannt. Déi weisen, datt sech d’Signalementer a Saache Mësshandlung, sexuellen Abus an Noléissegkeet géintiwwer Mineuren tëschent 2021 an zejoert méi wéi verduebelt hunn.
Wat méi Fäll gemellt ginn, wat d’Donkelziffer méi kleng wier, esou den David Lentz
Goufe viru 5 Joer ronn 1.000 där Fäll gemellt, waren et der zejoert ronn 2.200. Och wann d’Zuelen deemno ferm zouhuelen, ass den David Lentz frou doriwwer, datt iwwerduerchschnëttlech vill gemellt gëtt: Da wier d’Donkelziffer nämlech méi kleng. Trotz deene ville Signalementer géif et awer och nach e puermol d’Tendenz ginn, fir Faiten net ze mellen.
Eng Fro un den David Lentz war déi, wéi laang et dauert, vum Signalement un, bis datt intervenéiert gëtt.
“D’Police - déi huet eng Permanence, wann et urgent ass, da fueren déi direkt, dat sinn net Leit an Uniform, mee dat si Leit vun der Protection de la jeunesse et infraction à caractère sexuell. Déi ginn direkt sech d'Saach do ukucken, an en parallèle kritt de Jugendriichter gesot: Hei, dat Kand, wat do placéiert ass, an deem dote Foyer, do ass eppes virgefall. Kann et nach do bleiwen, oder wéi eng Mesurë mussen elo geholl ginn?”
De Procureur d’État huet nach op déi relativ héich Zuel u sexuellen Abuse géintiwwer Jonken higewisen: Hei wieren iwweregens net nëmmen Erwuessener, mee och Kanner Täter.
Neit Jugendschutz/Strofrecht läit nach beim Staatsrot
D’Justizministesch Elisabeth Margue huet hirersäits drop verwisen, datt all Persoun, déi vun engem Delikt géint Mannerjäreger weess, deen och beim Parquet muss mellen.
“Dat wier zum Beispill eppes, mengen ech, wat och an deem heite Fall géif gräifen.”
Mat deem heite Fall mengt d’Ministesch d’Enquête iwwert d’SOS Kannerduerf.
Wat dat neit Jugendschutz-, respektiv Jugendstrofrecht ugeet, huet d’Ministesch betount, datt déi entspriechend Texter zënter 10 Méint beim Statsrot leien. Si géif hoffen, dem Conseil d’État seng Avisen dozou séier ze kréien.
Op d’Fro, ob net eng national Opschaffungsplaz fir esou sexuell Iwwergrëffer sollt geschafe ginn, huet den Educatiounsminister Claude Meisch geäntwert: Hie wier net dogéint, mee et wier scho vill an déi Richtung do.