Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun der Ukrain-Konferenz an der Schwäiz - Putin nennt Konditioune fir eng Wafferou

Krich an der Uk

Optakt vun der Ukrain-Konferenz an der Schwäiz - Putin nennt Konditioune fir eng Wafferou

An der Schwäiz beroden haut Vertrieder vu ronn 100 Natiounen an Organisatiounen iwwert de Friddensprozess fir d‘Ukrain. Theemen, déi beschwat solle ginn, sinn déi atomar Sécherheet, Liewensmëttelsécherheet an de Retour vun de Krichsgefaangenen an de verschleefte Mënschen.

auto_stories

1 min

D‘Konferenz gouf op Initiative vu Kiew organiséiert. Och d‘US-Vizepresidentin Kamala Harris gëtt erwaart. Net agelueden si Vertrieder aus Russland.

De russesche President Wladimir Putin huet gëschter zu Moskau iwwerdeems Konditioune genannt fir eng Wafferou an der Ukrain an den Ufank vu Verhandlungen. Kiew misst seng Truppen aus de Gebidder zeréckzéien, déi Russland annexéiert huet. An d‘Ukrain misst hir Ambitioun opginn, fir Member vun der NATO ze ginn, esou d‘Konditiounen.

D‘Ukrain huet direkt negativ reagéiert: De President Wolodymyr Selenskyj huet dem Putin seng Offer mam Hitler verglach. Och de NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet d‘Offer ofgeleent.