Radioen

On air

One World  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friddenskonferenz fir d'Ukrain: Olaf Scholz fuerdert zukünfteg Participatioun vu Russland

Schwäiz

Friddenskonferenz fir d'Ukrain: Olaf Scholz fuerdert zukünfteg Participatioun vu Russland

Zweeten Dag vun der Friddenskonferenz fir d'Ukrain an der Schwäiz. Den Dag gëschter war mat enger Ofschlosserklärung op en Enn gaangen. Deemno soll Russland doranner fir de Krich an der Ukrain responsabel gemaach ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Déi russesch Regierung gëtt opgefuerdert, op déi territorial Integritéit vun der Ukrain opzepassen. Et gëtt och gefuerdert, datt Kiew d‘Kontroll iwwert d‘Atomkraaftwierk Saporischschja   zeréck kritt.

Alleguer déi Ukrainesch Krichsgefaangener musse fräigelooss ginn a Kanner, déi deportéiert goufen, mussen zeréck bruecht ginn. 

D‘Konferenz, bei där eng 100 Natioune vertruede sinn, strieft Fridden op laang Dauer un. Den dätsche Kanzler hat dofir gefuerdert, datt Russland an Zukunft un de Konferenzen deel hëlt.

Fir Lëtzebuerg ass de Premier Luc Frieden um Sommet bei der Stad Luzern. Fir hien ass et awer evident, datt een net den Aggresseur op eng Friddenskonferenz invitéiert.