Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland an Nordkorea wëlle méi enk Relatiounen

International

Russland an Nordkorea wëlle méi enk Relatiounen

D‘Relatiounen tëscht Russland an Nordkorea sollen op eng ganz nei Basis gestallt ginn. Dat sot de russesche Präsident Wladimir Putin de Mëttwoch fir den Optakt vun enger zwee Deeg laanger Visitt zu Pjöngjang.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool

Et ass dem Putin seng éischt Visitt an Nordkorea zanter 24 Joer. Béid Staatscheffe sollen do een neien Accord iwwert déi strategesch Partnerschaft ënnerschriwwen hunn.

De russesche President huet vun enger Revolutioun geschwat. An deem Pakt hätten si festgehalen, datt am Fall wou eent vun den zwee Länner attackéiert géif ginn, dat anert géif asprange fir ze hëllefen.

Béid Länner wéilten och hir militäresch Zesummenaarbecht ausbauen. Den nordkoreanesche Leader Kim Jong Un hätt Russland seng voll Ënnerstëtzung a Solidaritéit garantéiert.