arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Onverännert Positioun vu Lëtzebuerg

Zweestaateléisung

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Onverännert Positioun vu Lëtzebuerg

D’Positioun vu Lëtzebuerg an der Fro vun der Zweestaateléisung bleift onverännert: Dat huet de Xavier Bettel däitlech gemaach. Den Ausseminister Xavier Bettel (DP) wëllt Palästina just als Staat unerkennen, wann och aner Staaten dat maachen. 

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Xavier Bettel | © Serge Kesseler
Xavier Bettel (Foto: Serge Kesseler)

Den Xavier Bettel wëllt Palästina just als Staat unerkennen, wann och aner Staaten dat maachen, esou de Minister am Virfeld vun der internationaler Konferenz iwwer de Krich an der Gazasträif, déi den 18. Juni zu New York ass. Déi Konferenz wäert vu Frankräich a vu Saudi-Arabien presidéiert ginn.

Fir de Xavier Bettel ass d'Unerkennung vum palästinensesche Staat un e Package gebonnen, deen op der Konferenz soll gestëmmt ginn.

Konditioune fir eng Unerkennung

Deen Text misst nämlech och Israel entgéintkommen, an dofir misst ënner anerem dra stoen, datt déi Responsabel vun der Hamas missten an den Exil goen, oder nach, datt aner arabesch Staate sech solidaresch mat Palästina weisen a sech bereet erklären, sech un der Rekonstruktioun ze bedeelegen, esou de Xavier Bettel.

Wann de Package net stëmmt, da misst ee sech weider domat auserneesetzen, an ee Follow-up-Treffen organiséieren, zum Beispill a sechs Méint, huet den Ausseminister erkläert.

Ouni dee Package géif et sech just ëm Symbolpolitik handelen, déi näischt um Terrain ännert, esou d'Erklärung vum Ausseminister.

Reaktioune vun der Majoritéit

De Xavier Bettel huet um Donneschdeg och déi zoustänneg Chamberkommissioun doriwwer informéiert. Ob et op der Konferenz zu New York zu engem Accord kënnt, wier nach net kloer, huet no der Sitzung geheescht.

D’Konferenz zu New York wier eng Chance fir d’Fro vun der Zweestaateléisung ze relancéieren, betount den DP-Deputéierte Gusty Graas.

“Den Ausseminister huet eis dee Pak elo presentéiert. Do sinn natierlech eng ganz Rei Konditioune mat dran (...). Fir datt déi kënnen all erfëllt ginn, muss nach ganz vill Viraarbecht geleescht ginn.”

Dee ganze Pak géif an déi richteg Richtung goen, esou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Skepsis a Kritik bei der Oppositioun

Skeptesch wat eng Unerkennung vu Palästina als Staat ugeet, ass den ADR-Fraktiounschef Fred Keup.

“D’Zweestaateléisung ass eist Zil säit ganz Laangem. Ech sinn awer och ëmmer skeptesch, ob dat och d'Zil ass vun de Leit dohannen. An dofir sinn ech eigentlech net ganz optimistesch, dass dat an den nächste Jore kënnt, och wa mir dat wëllen.”

Kritesch zur Positioun vum Ausseminister Xavier Bettel huet sech den LSAP-Deputéierte Franz Fayot gewisen.

“Et sinn eng ganz Rei Konditionalitéiten dran, déi bal net anzehalen sinn. A mir mengen, dass dat erëm eng Kéier (...) ee Beweis ass, dass d'Lëtzebuerger Regierung net wierklech engagéiert ass fir eng Unerkennung vu Palästina an och net wierklech engagéiert ass, fir hei kritesch vis-à-vis vun Israel an deem schreckleche Konflikt do eppes ze maachen.”

Et kéint een net soen, datt et beim Ausseminister zu engem Revirement a senger Positioun komm wier, am Géigendeel, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson.

“Et ware ganz vill Onkloerheeten och doriwwer, wéi eng Länner dann elo iwwerhaapt géife mat op deen dote Wee goen, a wat fir d'Lëtzebuerger Regierung elo wierklech dat Allerwichtegst wier, fir mat deen dote Wee ze goen, éischtens vun all deene Krittären, déi genannt goufen, an zweetens awer och par rapport zu anere Länner hire Positiounen.”

Wann een dee ganze Pak u Krittäre géif analyséieren, da kéim een zur Conclusioune, datt d’Regierung alles géif maache fir d’Unerkennung net ze maachen, huet den David Wagner vun déi Lénk bedauert.

play_arrow Lauschteren