Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Onkloerheeten zur Residenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur zu New York si gekläert

Trump Tower oder Trump World Tower?

​Onkloerheeten zur Residenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur zu New York si gekläert

De Lëtzebuerger Staat lount keen Appartement am Trump Tower zu New York, an deem selwechte Gebai also, wou och den Donald Trump a Familljemembere vun him eng Wunneng a Büroen hunn. Dat stellt den Ausseminister Jean Asselborn an enger Question parlementaire kloer.

auto_stories

1 min

Trump World Tower | © Wikimedia Commons
Trump World Tower (Foto: Wikimedia Commons)

De Piraten-Deputéierte Sven Clement hat Detailer gefrot, well him zougedroe gi war, datt de Lëtzebuerger Staat wärend de Renovéierungsaarbechten an der Residenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur a vum Vertrieder bei der UNO zu New York, am Trump Tower op der 5th aveneue, eng Wunneng fir deiert Geld géif lounen.

Mee dat wier net an deem Gebai, mee am Trump World Tower op der éischter Avenue, direkt vis-à-vis vun der UNO. 

An deem Gebai géife vill Diplomate wunnen. De Loyer géif do 15.500 US Dollar kaschten, wat ee ganz gudde Rapport qualité/prix wier, sou den Ausseminister.

Den Donald Trump hat dat Gebai baue gelooss. Hie wier awer net Proprietär an hätt och näischt méi domat ze dinn, ausser, datt et no him benannt wier.