Wärend de leschte Sozialwalen am Mäerz zejoert wier een net onbedéngt dovunner ausgaangen, datt den OGBL an den LCGB eng Kéier esou enk zesumme schaffen. Si waren ëmmerhi Konkurrenten. Dat gëtt d’OGBL-Presidentin Nora Back och oppe virun der Press zou. Et sollt ee sech der Nora Back no awer och bewosst sinn, datt et net déi éischten Zesummenaarbecht tëschent de Gewerkschaften ass.
"Ëmmer wann et noutwendeg war, konnte mer schonn zesummenhalen. Mir hunn dat an de Betriber gemaach, op klengem Niveau, op méi groussem Niveau a sëlleche dausende Kollektivverträg, déi ëmmer rëm erneiert gi sinn."
Deen éischte Schratt vun der méi enker Kollaboratioun war scho viru ronn 6 Méint – do hunn d’Gewerkschaften d’Campagne vun der sougenannter Gewerkschaftsfront lancéiert. Zesumme vertrieden den OGBL an den LCGB eng 125 dausend Memberen – an déi géife sech zefridde weisen, esou nach d’OGBL-Presidentin.
Ausléiser ass den Ëmgang vun der Regierung mat de Gewerkschaften
Den Ausléiser fir d’Zesummenaarbecht wier de Gewerkschaftspresidenten no déi aktuell Regierungspolitik, seet den LCGB-President Patrick Dury.
"An déi Politik, dat gesäit een am beschten un der Ausso, mir wëllen d'Sozialpartner consultéieren. A mir wëllen duerno als Regierung eleng decidéieren. Dat ass net méi deen Tripartitesmodell, dee mir kennen, un deem mir festhalen, wou dräi Partner op Aenhéicht kënnen, wa se sech Problemer erginn, no Léisunge siche fir dann op e Kompromëss hin ze schaffen."
Wéi de Fonctionnement vun der ASBL ausgesäit ass an de Statutte festgehalen. Beispillsweis sollen zukünfteg gemeinsam Positiounen ausgeschafft ginn a sech zesummen op déi nächst Sozialwale virbereet ginn. D’Opdeelung vun de Membere wéi och vum Verwaltungsrot ass bei 50% LCGB a 50% OGBL. Geleet gëtt dat Ganzt ënner enger Co-Presidence tëschent dem Patrick Dury an dem Nora Back.
Datt d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP keen Deel vun der ASBL ass, géif dru leien, datt een net onbedéngt op de selwechten Dossiere géif schaffen. Et wier een awer weiderhi bereet op gemeinsamen Dossieren zesumme schaffen, esou nach d’Nora Back.