Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
search

/ No engem Messerugrëff zu Mannheim: Polizist nach ëmmer a Liewensgefor

Täter ass verletzt

No engem Messerugrëff zu Mannheim: Polizist nach ëmmer a Liewensgefor

An Däitschland zu Mannheim hat de Freideg ee Mann bei enger Messerattack ee Polizist blesséiert. Dee Polizist wier nach ëmmer a Liewensgefor.

auto_stories

1 min

Mannheim | © picture Alliance / dpa / Rene Priebe
Mannheim (Foto: picture Alliance / dpa / Rene Priebe)

De presuméierten Täter huet Leit bei engem Stand vun Islamkritiker ugegraff. 6 Mënschen, dorënner de Polizist goufe blesséiert. D’Enqueteure konnten den Täter nach net verhéieren, well hien am Spidol ass an net uspriechbar wier. Seng Identitéit gouf net bekannt ginn an d‘Police sicht och no senge Motivatiounen.

Medien hu gëschter awer scho gemellt, datt et sech ëm ee 25 Joer ale Mann vun Herat aus dem Afghanistan handelt, deen an Südhesse lieft.