Radioen

On air

Notturno  |  Plankton Waves - We Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Messerattack zu Southport: En drëtt Meedche vun 9 Joer ass elo och gestuerwen

Groussbritannien

No Messerattack zu Southport: En drëtt Meedche vun 9 Joer ass elo och gestuerwen

Et gëtt een drëtt Doudesaffer no der Messerattack gëschter an engem Danzatelier zu Southport. E Meedche vun 9 Joer ass gestuerwen. Dat mellt d‘Police. Déi zwee aner Doudesaffer sinn och Meedercher vu 6 a 7 Joer.

auto_stories

1 min

England Ambulance | © Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

Aacht Kanner goufen insgesamt blesséiert, dovu sinn der 5 weiderhin an engem kriteschem Zoustand. Och zwee Erwuessener, déi d‘Kanner beschütze wollten, goufe liewensgeféierlech blesséiert.

D‘Police huet en Teenager vu 17 Joer verhaft. Hie gëtt wéinst Mord a versichtem Mord verdächtegt. D‘Motiv vun der Attack wier nach onkloer, esou d‘Police. D‘Ermëttler ginn awer fir den Ament net vun enger Terrordot aus.

Den Danzatelier zu Southport, enger Stad un der Küst am Nordweste vun England, war zum Theema Taylor Swift. De Popstar huet sech op Instagram entsat a schockéiert iwwer d‘Dot gewisen. 

Als Reaktioun op d‘Dot hunn eng Partie Butteker zu Southport haut hir Diren zougemaach an de lokale Fussballsclub huet e Match ofgesot.