De Budget fir 2026 läit deemno nëmmen nach bei 1,9 Milliarden Euro. Och gi bal 3.000 Aarbechtsplaze gestrach. Een Drëttel dovun op fräiwëlleger Basis oder andeems fräi Posten net nei besat ginn.
Grond wiere Kierzungen am Beräich vun der internationaler Hëllef. Et géife manner Done gemaach ginn, an d‘Konflikter géifen zouhuelen.
Finanziell Realitéit
Dat internationaalt Rout Kräiz wéilt weider virbäi stoen, an a Konflikter intervenéieren, wou nëmme wéineg Organisatiounen aktiv sinn.
Mee déi finanziell Realitéit hätt een zu dëser Decisioun gezwongen.
Dat internationaalt Rout Kräiz beschäftegt weltwäit iwwer 18.000 Leit.
Scho virun zwee Joer 4.500 Plaze mussen ofgebaut ginn.