arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gaza-Friddensplang: Déi palästinensesch Autonomiesverwaltung mécht Drock

No der Propos vum Donald Trump

|
headphones

1 min

Gaza-Friddensplang: Déi palästinensesch Autonomiesverwaltung mécht Drock

Déi palästinensesch Autonomieverwaltung verlaangt, datt de Gaza-Friddensplang, wéi en den amerikanesche President Donald Trump virgeschloen huet, direkt ëmgesat gëtt. An enger Resolutioun huet den UN-Sécherheetsrot de Plang hënt mat 13 vu 15 Stëmmen ugeholl. 

headphones

1 min

Eng Foto vum UN-Sécherheetsrot vum 24. September 2024 | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Eng Foto vum UN-Sécherheetsrot vum 24. September 2024 (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

Déi palästinensesch Autonomie stellt sech domadder géint déi islamistesch Terrororganisatioun Hamas.

D'Palästinenserverwaltung huet an engem Communiqué erkläert, datt ee mat der amerikanescher Regierung an der EU wéilt zesummeschaffe fir d'Gazasträif nees opzebauen an de Fridden do ze stabiliséieren.

D'Basis wier awer eng Zweestaateléisung. Déi gëtt virun allem vun israeelesche Rietskonservativen net akzeptéiert.