arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel relancéiert Militärattacken an der Gazasträif

Trotz Wafferou

|
headphones

1 min

Israel relancéiert Militärattacken an der Gazasträif

An der Gazasträif huet Israel trotz der Wafferou nees Attacke lancéiert. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hat der Arméi gëschter um Dënschdeg den Uerder fir intensiv Attacke ginn. Dat well d‘Hamas israeelesch Zaldoten ugegraff hätt, esou Israel.

headphones

1 min

Et gesäit een den Damp no den israeeleschen Attacken am Norde vu Gaza de 25. August 2025  | © EPA/ATEF SAFADI
Et gesäit een den Damp no den israeeleschen Attacken am Norde vu Gaza de 25. August 2025 (Foto: EPA/ATEF SAFADI)

D‘Hamas seet, si wier net responsabel fir déi Attacken.

Bei den neien israeeleschen Attacke wieren op d‘mannst 38 Persounen ëm d‘Liewe komm, sot e Spriecher vum palästinenseschen Zivilschutz, deen ënner der Autoritéit vun der vun der Hamas steet.

Trotz der neier Gewalteskalatioun sot den US Vize-President JD Vance, de Waffestëllstand géif nach ëmmer halen.