Si kommen no iwwer zwee Joer Gefaangeschaft nees fräi.
Op der “Plaz vun de Geiselen” zu Tel Aviv haten sech schonn an de fréie Moiesstonnen Honnerte Mënsche versammelt. No der Fräiloossung vun den éischte Geiselen ass grouss Euphorie ausgebrach.
Geisele sinn all an Israel ukomm
Kuerz virun 8 Auer de Moie goufen déi 7 éischt Geiselen un de Comité vum internationale roude Kräiz iwwerginn. Géint 10 Auer sinn och déi 13 iwwreg Geisele vun der Hamas fräigelooss ginn. Si goufen dono vun der israeelescher Arméi en Charge geholl fir zeréck bei hir Famill a Frënn an Israel bruecht ze ginn. Israeelesche Medieberichter no wieren all d’Geiselen an engem stabillen Zoustand zeréck an Israel komm.
Am Laf vum Nomëtteg sollen dann och Läiche vun de Geiselen iwwergi ginn, déi d’Gefaangeschaft net iwwerlieft hunn, heescht et vun israeelesche Medien. Den nächste Schrëtt vum Friddensplang gesäit vir, datt Israel am Géigenzuch fir d’Fräiloossung vun de Geisele ronn 2.000 palestinensesch Prisonéier fräiléisst. Éischt Busser wieren an der Gazasträif ukomm.
Trump hält Ried an der Knesset
Den US-President Donald Trump ass de Moie vum israeelesche Premier Benjamin Netananyahu zu Jerusalem empfaange ginn. Viru senger Ried an der Knesset, dem israeelesche Parlament, sot den Donald Trump, de Krich wier elo eriwwer.
D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d’Fräiloossung vun de Geiselen an engem Communiqué als Moment vun der Erliichterung bezeechent. Elo kéint een neit Kapitel ufänken, sou d’Ursula von der Leyen weider.
Xavier Bettel begréisst Fräiloossung
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet op X reagéiert an d’Fräiloossung vun de Geisele gutt geheescht. Et misst een elo alles drusetzen, datt d’Wafferou bäihält an en dauerhafte Fridden am Noen Oste kann entstoen, esou nach de Xavier Bettel.
No senger Ried an der Knesset soll den Donald Trump dann, fir en internationale Friddenssommet, weider an Ägypten op Scharm el Scheich fléien. Et gëtt sech erwaart, dass d’Vertrieder vun den USA, Katar, Ägypten an der Tierkei dann en Ofkommes iwwert d’Wafferou am Gaza ënnerschreiwen. Um Friddenssommet wäerten ënnert anerem och den däitsche Kanzler Friedrich Merz, de franséische President Emmanuel Macron an de brittesche Premier Keir Starmer deelhuelen. Och den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu soll dobäi sinn.