Radioen

On air

Simon Says  |  Bruno Berle - New Hit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Netanjahu: Intensiv Phas vun der israeelescher Offensiv zu Rafah bal um Enn

Noen Osten

Netanjahu: Intensiv Phas vun der israeelescher Offensiv zu Rafah bal um Enn

Am Noen Oste wier déi intensiv Phas vun der israeelescher Offensiv zu Rafah am Süde vun der Gazasträif kuerz virum Enn. Dat sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an engem Interview mam israeelesche Sender Channel 14. Dat géif awer net heeschen, datt de Krich géint d‘Hamas geschwënn eriwwer wier, esou den israeelesche Regierungschef.

auto_stories

1 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

Israel wéilt elo weider Zaldoten un d‘Grenz mam Libanon transferéieren. Do sinn d‘Kämpf tëschent Israel an der Hisbollah an de leschten Deeg eskaléiert. Déi militant-islamistesch libanesesch Miliz huet aus dem Süde vum Libanon verstäerkt Rakéiten op Israel geschoss. Israel huet Pläng fir eng méiglech Offensiv géint d‘Hisbollah virgestallt.