Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hisbollah-Chef stierft bei israeelescher Loftattack - Angscht ëm Eskalatioun am Konflikt klëmmt

Israel-Libanon

Hisbollah-Chef stierft bei israeelescher Loftattack - Angscht ëm Eskalatioun am Konflikt klëmmt

Israel huet de Chef vun der libanesescher Hisbollamiliz ëmbruecht. Den Ibrahim Akil koum bei enger Loftattack zu Beirut ëm d‘Liewen. D‘Hisbollah huet den Doud vun hirem Leader confirméiert. Hie wier als Märtyrer gestuerwen, esou de Message.

auto_stories

1 min

Hie soll, esou de Virworf vun Israel, een Iwwerfall op Israel geplangt hunn, deen änlech hätt solle sinn, ewéi dee vun der Hamas de 7. Oktober virun engem Joer.

De Moien huet d'Hisbollah och den Doud vun engem zweete Chef bei dëser Attack gemellt.

Am Konflikt mat Israel zeechent sech "eng grouss Explosioun of". Dat sot de libaneseschen Ausseminister virum UN-Sécherheetsrot zu New York. Déi Explosioun géif et ginn, wann de Sécherheetsrot et net fäerdeg bréngt fir Israel derzou ze zwéngen, eng Aggressiounen ze stoppen. Dobäi géif eng Explosioun vun der Situatioun weder den Osten, nach de Weste verschounen, esou seng Warnung.