Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel wëllt d'Hisbollah "zerstéieren", déi hirersäits mat enger Revanche dreet

Nei Eskalatioun am Noen Osten dreet

Israel wëllt d'Hisbollah "zerstéieren", déi hirersäits mat enger Revanche dreet

Israel huet hënt intensiv Loftattacken am Libanon geflunn. Et wieren 100 Rakéitenofschossrampe vun der libaneesescher Hisbollah-Miliz viséiert gewiescht, huet d'Arméi matgedeelt. D'Zil wier d'Zerstéierung vun de Milizeninfrastrukturen, wéi och vun der ganzer Hisbollah.

auto_stories

1 min

Gazasträif no israeleschen Attacken | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Symbolfoto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

De Chef vun der Hisbollah awer huet den Donneschdeg zouginn, datt d'Explosioune vu Pageren a Walkie-Talkien aus de leschten Deeg si haart getraff hunn. 37 Leit koume bei dësen Explosiounen ëm d'Liewen, 3.000 wieren der blesséiert ginn. Et wäert eng massiv Äntwert dorop kommen, huet de Chef vun der Hisbollah gedreet.