Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sproochrouer vun der radikaler Hamas": Israeelesch Arméi stiermt den Televisiounssender Al Jazeera

Westjordanland

"Sproochrouer vun der radikaler Hamas": Israeelesch Arméi stiermt den Televisiounssender Al Jazeera

Israel huet gëschter d‘Büroe vum arabeschen Televisiounssender Al Jazeera am Westjordanland zougemaach. Dat elo emol fir 45 Deeg. Israeelesch Zaldote si schwéier arméiert an d‘Büroe vum Sender gestiermt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa

Eng Erklärung fir dës Decisioun gëtt et net. Et berifft ee sech awer op dat sougenannten Al Jazeera Gesetz, wat der israeelescher Regierung eng Fermeture vun auslännesche Sender erlaabt, wa si deen als Risiko fir d‘Staatssécherheet ugesinn

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu seet, Al Jazeera wier d'Sproochrouer vun der radikaler Hamas.