Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA, EU an arabesch Länner wëllen Drock op Israel an Hisbollah maachen

Noen Osten

USA, EU an arabesch Länner wëllen Drock op Israel an Hisbollah maachen

Am Noen Oste soll eng Waffepaus vun 21 Deeg duerchgesat ginn. Dat huet e Grupp vu Staaten, zu deenen d‘USA, d‘EU an och arabesch Länner gehéieren, zu New York gefuerdert. Si wëllen Drock op Israel an déi libanesesch Hisbollah maachen. Israel annoncéiert sengersäits, datt et keng Wafferou soll ginn.

auto_stories

1 min

© zeevveez/Flickr
Foto: Flickr/zeevveez

An der Waffepaus soll eng Léisung fir de Konflikt tëschent Israel an der Hisbollah gesicht ginn, genee ewéi fir de Gazakrich.

D‘Suerg iwwert eng weider gréisser Eskalatioun vum Konflikt wiisst. Dat nodeems Israel aktuell eng Buedemoffensiv am Süde vum Libanon preparéiert. 

Israel: Militäraktioun geet weider bis Hisbollah zerstéiert ass

Israel huet de moien nei Attacken op d‘Hisbollah am Libanon ugekënnegt, dat trotz dem Virschlag vun engem Grupp vu Länner zu New York, fir eng Wafferou. Et géif keng Wafferou ginn, heescht et vun israeelescher Säit, d‘Militäraktioun géif weidergefouert ginn, bis d‘Hisbollah zerstéiert wier. 

Iwwerdeems mellt de libaneesesche Gesondheetsministère rëm 20 Doudeger bei enger israeelescher Attack hënt am Oste vum Libanon, am syresche Grenzgebitt, d‘Affer wieren alleguerte Syrer:innen.