Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Faux Real - Full Circle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hisbollah-Chef Nasrallah ass bei israeelescher Attack ëm d’Liewe komm

Hisbollah confirméiert

Hisbollah-Chef Nasrallah ass bei israeelescher Attack ëm d’Liewe komm

Der israeelescher Arméi no ass de Chef vun der Hisbollah, den Hassan Nasrallah, bei enger israeelescher Attack um Freideg ëm d’Liewe komm. D'Hisbollah huet dës Meldung um Samschdegmëtteg confirméiert.

auto_stories

1 min

Foto: Wikimedia Commons

Op X huet den israeelesche Spriecher vun der Arméi matgedeelt, datt den Hassan Nasrallah dout wier. "Hie wier elo net méi an der Lag, d'Welt ze terroriséieren", sou den Arméispriecher Nadav Shoshani op X. Weider heescht et, datt hien bei israeeleschen Attacken op d'Haaptstad Beirut ëmkomm wier.

D'Hisbollah huet den Doud vun hirem Leader um Samschdegmëtteg och confirméiert.

Israel huet hënt also op en Neits Loftattacken op déi libanesesch Haaptstad Beirut gemaach. Et wieren dobäi Ziler viséiert gewiescht, déi der libanesescher Hisbollah-Miliz gehéieren, huet déi israeelesch Arméi matgedeelt, Honnerte vu Famillen hunn hënt mat hiren Autoe probéiert, aus der viséierter Zon erauszekommen. 

D‘Hisbollah huet geäntwert an den Norde vun Israel bombardéiert, wei si mellen.