Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Ugrëff tëschent Israel an Hisbollah, Drénglechkeetssëtzung bei der UNO

Noen Osten

Weider Ugrëff tëschent Israel an Hisbollah, Drénglechkeetssëtzung bei der UNO

Israel gräift de Moie weider Positioune vun der Hisbollah-Miliz am Libanon un. Et ass deen drëtten Dag hannertenee vun dësen Ugrëff. Zéngdausende Leit sinn op der Flucht, virun allem aus dem Süde vum Libanon, wou bis elo déi meescht israeeleschen Ugrëff waren. 

auto_stories

1 min

Libanon | © picture alliance/dpa | STR

De Weltsécherheetsrot vun der UNO soll haut op Demande vu Frankräich fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummekommen. 

D‘Hisbollah huet confirméiert, datt si de Moien eng Rakéit op déi israeelesch Stad Tel Aviv geschoss huet. Se gouf vum israeeleschen Ofwiersystem interceptéiert. Et wier déi éischte Kéier gewiescht, datt Tel Aviv vun enger Hisbollah-Rakéit viséiert war, esou déi israeelesch Arméi. 

De Bilan vun den Attacken zanter e Méindeg läit bei iwwer 550 Doudegen, dorënner 50 Kanner, a iwwer 1.800 Blesséierten, sou de libanesesche Gesondheetsministère. Ënnert den Doudesaffer sinn zwee Mataarbechter vun der UNO.