Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
search

/ Net wäit ewech vum EU-Sommet: internationalen Atomenergie-Sommet

Atomenergie-Sommet

Net wäit ewech vum EU-Sommet: internationalen Atomenergie-Sommet

Den EU-Sommet ass haut net deen eenzegen zu Bréissel. E puer Kilometer ewech, am Quartier Heysel ass en internationalen Atomenergie-Sommet, bei deem 300 Delegatiounen aus der ganzer Welt vertruede sinn. Do gëtt iwwert d‘Roll vun der Atomenergie an der Zukunft diskutéiert.

auto_stories

1 min

Do si Staats- a Regierungscheffe vu Länner dobäi, déi un der Atomenergie festhalen, hirt Zil: nuklear Energie soll en dauerhafte Bestanddeel vum Energiemix an Europa bleiwen. Duerch nei Technologië soll d‘Atomkraaft nei opliewe gelooss ginn. Nei Technologien, déi eng ganz nei Generatioun vun Atomreaktere géifen entwéckelen. déi Technologië wieren awer réischt an 2 bis 3 Joerzéngte prett.

Ugefouert gëtt d'Allianz vu Frankräich

Déi Allianz fir d‘Atomkraaft an Europa war viru ronn engem Joer vun 11 europäesche Staate gegrënnt ginn. An Tëschenzäit si 14 Länner dobäi, also eng Majoritéit vun den EU-Länner. Ugefouert gëtt d‘Allianz vu Frankräich.

Lëtzebuerg ass op deem internationalen Atomenergie-Sommet net vertrueden. Dat hu mer vum Energieministere confirméiert kritt.

Dëse Sommet géif sech just u Länner riichten, déi en Atomprogramm hunn.