De brittesche Premier Keir Starmer huet Wëlles europäesch Staats- a Regierungscheffe kuerz nodeems hien aus den USA zeréck ass, iwwert d’Gespréicher mam amerikanesche President Donald Trump ze informéieren.
Hien huet dofir e Sonndeg (iwwermuer/muer) Vertrieder aus verschiddene Länner, ewéi Däitschland, Frankräich, Italien, Holland a Spuenie genee ewéi den ukrainesche President Wolodymir Zelensky op London invitéiert.
Premier Luc Frieden net zu London mat derbäi
No wéi enge Critèren de brittesche Premier seng Invitéen erausgesicht huet, ass net ganz kloer.Lëtzebuerg ass do allzäit net representéiert.
Um Meeting zu London wier den Antonio Costa, den EU- Conseilspresident, präsent a mat deem wier de Lëtzebuerger Premier, wéi aner europäesch Leaderen och, am enke Kontakt, heescht et aus dem Staatsministère op eis Nofro. Doriwwer eraus kéime jo deen nächsten Donneschdeg all d’EU-Memberstaate fir ee speziellen EU-Sommet zu deem nämmlechte Sujet zesummen.
Op der Lëscht vun den Invitéë sti verschiddene Presse-Agence no nieft der Tierkei knapps eng Dosen EU-Memberlänner. Vrum Meeting schwätzt de de Keir Starmer Moies um Telefon mat de Vertrieder aus den dräi baltesche Länner.
Zil wier et, sech ënnert d’Aktiounen déi d’Ukraine an déi europäesch Sécherheet betreffen, weider ze bréngen.
Um EU-Sommet solle virleefeg Decisioune geholl ginn
Dat nämmlecht viséiert och een aneren europäesche Sommet, bei dem deen nächsten Donneschdeg déi 27 EU Staats- a Regierungscheffen zesumme kommen. Des Kéier ass et den EU-Conseilspresident Antonio Costa, deen op Bréissel invitéiert huet. Am Invitatiouns-Bréif un déi 27 schreift de Portugis, datt op där Reunioun virleefeg Decisioune fale sollen, fir datt d’EU, déi aktuell a zoukënfteg Erausfuerderungen a punkto Sécherheet méi souverän meeschtere kann, heescht.
D’Europäesch Unioun an d’Memberstaate wiere prett, méi Responsabilitéit fir d’europäesch Sécherheet - dowéinst misst een och bereet sinn, eng europäesch Contributioun fir Sécherheetsgarantië fir ee Fridden an der Ukrain ze liwweren
Am Fokus: Finanzéierungsméiglechkeete vu méi héijer Hëllef
D’EU-Baussebeoptragten Kaja Kallas hat Uganks der Woch proposéiert, déi militäresch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze renforcéieren. Et wier kruzial, datt d’Staats- a Regierungscheffen en Donneschdeg op hirem Sommet Decisiounen huelen, well et wichteg wier ze weisen, datt d’EU capabel ass, dat ze maachen.
Déi néideg Finanzéierungs-Instrumenter, fir de Support ze erhéijen, dierften dann och um Sommet ugeschwat ginn. Doriwwer gëtt et bis elo an der EU ënnerschiddlech Virstellungen.