Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nao Yoshioka - Free as a Bird feat. Jarreau Vandal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Premier Luc Frieden ass zu Paräis op enger weiderer Reunioun iwwert d‘Ukrain

Op Invitatioun vum Macron

Premier Luc Frieden ass zu Paräis op enger weiderer Reunioun iwwert d‘Ukrain

Zu Paräis ass haut eng weider Reunioun iwwert d‘Ukrain. De franséische President Emmanuel Macron huet haut, Mëttwoch, och nach aner europäeschen a net-europäesche Staaten, wéi déi éischte Kéier, virgëschter, invitéiert.

auto_stories

1 min

© SIP / Julien Warnand
(Foto: SIP / Julien Warnand)

Do wier och de Lëtzebuerg Premier Luc Frieden zu Paräis derbäi, krute mir op Nofro hi vu sengem Büro confirméiert. Och d‘Belsch ass derbäi. 

Verschidde Länner bedeelege sech un där Reunioun iwwert Video.

Mat derbäi sinn, der Noriichtenagence Reuters no, och Litauen, Estland, Lettland, d‘Tschechesch Republik, Griicheland, Finnland, Rumänien, Schweden, Kanada a Norwegen.

EU-Rotspresident schléisst EU-Sommet net aus

Enger EU-Source no ass den Ament keen extraordinairen EU Sommet mat alle 27 Staats- a Regierungscheffe geplangt. Dat wier net ausgeschloss, mee d'Zil dovu misst et sinn, datt een och Resultater produzéiert. 

De Rotspresident Antonio Costa géif sech den Ament mat den Leader beroden, zu zwee Sujeten. Nämlech der Ennerstëtzung fir d'Ukrain an d'Sécherheetsgarantien. D'Decisioun doriwwer, wéi eng déi nächst Schrëtt sinn, géif op der Basis vun deene Consultatioune gemaach.