Ugangs Februar huet den Donald Trump en éischte sougenannten "Executive Order" ënnerschriwwen. Dat heescht eng Zort Dekreet mat deem 10 Prozent Taxen op all d’Importer aus China verhaange ginn. De Grond dofir wier: China géif net genuch géint den Import vu Chemikalie maachen. Déi kriminell Organisatioune géife Fentanyl a weider Opioide produzéieren.
Weider 10 Prozent Taxen
Elo soll et awer zu nach zousätzlechen 10 Prozent kommen. Dat huet den US-Präsident um Freideg an engem True Social Bäitrag annoncéiert. De Spriecher Lin Jian, vum chineeseschen Ausseministère, huet an enger Pressekonferenz gedreet, datt China déi néideg Mesurë géif aféiere fir d’Interête vum Land virun den USA ze schützen. Weider wier eng zweet Erhéijung e Verstouss géint d’Reegele vun der Welthandelsorganisatioun.
Chineesesch Wirtschaft huet Problemer
Fir de Lin Jian wier d’Fentanylproblematik nëmmen e Pretext fir China mat weideren Taxen ze dreeën. A China géifen nämlech mat déi strengste Reegele gëlle wat Medikamenter betrëfft.
Weider huet de President Xi Jinping an engem Artikel vum chineesesche Medium Qiushi matgedeelt, datt déi chineesesch Wirtschaft a Schwieregkeete wier. Deels och duerch déi zougespëtzten international Situatioun.