Virun allem beim Haaptgebai misst een un eng Rekonstruktioun denken. Insgesamt wier an den nächste Jore mat engem Renovatiouns- a Maintenancebedarf ze rechnen, deen iwwer 300 Milliounen Euro kaschte soll. An engem Schreiwes vun der Presidentin vun der Uni Tréier heescht et, datt den Ënnerhalt vun den Infrastrukturen ofhängeg wier vu Gelder déi vum Bundesland Rheinland-Pfalz zur Verfügung gestallt ginn. Et wier also gutt, datt elo op de Besoin vun deene Gelder higewise gi wier, seet d’Presidentin Eva Martha Eckkrammer nach. Aktuell sinn eng 600 Lëtzebuerger op der Uni Tréier ageschriwwen.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Zu Tréier si verschidden Unisgebaier an engem schlechten Zoustand
Ratebefall an onsécher
Zu Tréier si verschidden Unisgebaier an engem schlechten Zoustand
Et hätt een d’Unisstruktur iwwer d’Jore verkomme gelooss, well een net genuch an d’Maintenance investéiert hätt, heescht et nach am Joresbilan vum Rheinland-pfälzesche Rechnungshaff. Elo géif et Ratebefäll ginn an am Fall vun engem Brand wier am Haaptgebai d’Protektioun net garantéiert. Do sinn d’Brandschutzmaueren nämlech defekt.
auto_stories
1 min

Uni Trier (Foto: picture alliance / Caro | Scheffbuch)