De Projet fir e Gov-Sat 2 wier verbonne mam Engagement vu Lëtzebuerg, als NATO Member méi fir d‘Verdeedegung auszeginn, a bei der Defense op 2 Prozent vum nationale Räichtum ze kommen, esou d‘Yuriko Backes. En zweete Gov-Sat géif och Sënn maachen, well deen éischten, de Gov-Sat 1, an Tëschenzäit ee grousse Succès, a voll ausgelaascht, wier.
Et géif ee mat der SES elo konkret un engem Gov-Sat 2 schaffen, mee si kéint nach keng Detailer ginn iwwert de Käschtepunkt an den Timing, wéini si der Regierung dat méi konkreet wäert proposéieren, esou d’Yuriko Backes.