Wéinst enger schwéierer Longenentzündung a béide Longen huet den 88 Joer ale Chef vun der kathoulescher Kierch eng Sauerstofftherapie kritt.
Et wier net dovun auszegoen, datt hien d'Klinik séier kéint verloossen. D'Krankheetsbild wier nach ze komplex, esou de Vatikan.