11 Prozent huelen de Bus, 5 Prozent den Zuch, an 2 Prozent den Tram als Haapttransportmëttel. Da bleiwen nach 12 Prozent, déi entweder zu Fouss oder mam Vëlo op d'Aarbecht kommen.
Aus der Etüd geet och ervir, datt dee Prozentsaz vun 69 Prozent, déi den Auto huelen, an 10 Joer (tëschent 2011 an 2021) nëmme ganz liicht zeréckgaangen ass, an datt den ëffentlechen Transport stabel bei 17 Prozent bliwwen ass.