D’lescht Woch haten d’Exekutiv vum Syndikat an d’Buergermeeschtere vun de Südgemengen hiren Accord de principe fir eng Konventioun iwwer 10 Joer ginn. Dat hat d’Tageblatt haut um Méindegmoie gemellt.
D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC hat viru sou enger Entwécklung gewarnt. Am 100,7-Interview sot sech hire President Claude Reuter de Méindeg Moie verwonnert iwwert dës rezent Developpementer. Schliisslech hätt ee vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes gesot kritt, datt een, wann et en neie Moment géif ginn, doriwwer schwätze géif. Et hätt awer keen der FGFC Bescheed gesot, an déi hätt leider op alle Punkte Recht behalen. Et géifen nämlech Chauffeuren ofgebaut ginn an et géif eng "mixte Struktur" geschaf ginn, virun där ee gewarnt hat.
Urgent Entrevue mat der Mobilitéitsministerin gefrot
Ënnert dem viregte Minister François Bausch wier d’Ligen ugaangen, datt keen eppes sollt verléieren, sou de Claude Reuter. Et hätt een ëmmer no engem Transportdësch gefrot, mee deen ni kritt, well net gewollt gewiescht wier, eng Gesamtléisung ze fannen. D’Regierung hätt de gratis ëffentlechen Transport agefouert, mee géif deen um Enn privatiséieren. Zejoert schonn hätt een als Gewerkschaft un d’Conciliatioun an un e Streik geduecht.
"Mir sprangen natierlech net virun de Won, och net an dëser Situatioun. Mir wäerten d’Madamm Ministesch ëm eng Entrevue d’urgence froen, mir wäerten och de Büro vum TICE ëm eng Entrevue bieden, mee mir wäerten awer parallel all néideg Schrëtt maachen, fir bis zur leschter Busspuer hei ze kämpfe fir eis Leit."
D'Gewerkschaft fäert een Domino-Effekt
Fir de Claude Reuter dierft ee sech och näischt virmaachen: Wann den TICE fält, ween ass dann den Nächsten? "Kann et da sinn, datt d’Stat op eemol och op d’Iddi kënnt, datt dat heiten dach eng vill méi gënschteg Léisung ass?"
Op alle Fall géif een e méiglechen Dominoeffekt fäerten, seet den FGFC-President. Deen nach d’Froen opwërft, ob eventuell en nationalen Établissement public fir den ëffentlechen Transport soll geschafen an alles soll ausgelagert ginn, wat ze deier gëtt. Als Gewerkschaft wier een ni vum Diskussiounsdësch fortgaangen, mee wa sou géif weider gefuer ginn, da géif ee seng Gewerkschaft fannen, sot de Claude Reuter. An an engem Communiqué zu deem Thema hunn d’Piratepartei de Moie gemengt, datt ee sech grouss Suergen ëm d’Aarbechtsplaze beim TICE an ëm d’Zukunft vum ëffentlechen Transport am Süde maache géif.
Den TICE-President Marco Lux huet sengersäits op e gemeinsame Communiqué mam Mobilitéitsministère verwisen, deen am Nomëtteg erauskéim. D’Informatioune vum Tageblatt géifen nämlech nëmmen zum Deel stëmmen, huet den LSAP-Schäffe vu Keel eis géintiwwer erkläert.