Nieft der CSV waren nämlech och d’Oppositiounsparteien LSAP an déi gréng net där selwechter Meenung,
De Marc Goergen huet no der Sitzung vun enger Privatiséierung vum TICE-Reseau geschwat. Dat well déi Kilometeren, déi de Staat am Reseau bestallt hätt, an Zukunft vu private Firmen an eben net vum TICE sollte gefuer ginn. An den Ae vum Deputéierte vun de Pirate géife sou privat Entreprisë Profit maachen, obwuel Steiergelder géife bezuelt ginn. Dobäi hätt den TICE dat kënnen iwwerhuelen, wann en dofir fit gemaach gi wier.
"Wann den TICE net fit ass, da sollen déi Parteien, déi sou laang an deem Comité vum TICE sinn, sech vläicht déi Fro stellen, firwat den TICE net fit genuch ass."
De Marc Georgen freet sech, ob an der Gouvernance vum TICE Feeler gemaach gi wieren. Dat wieren déi Gemengen, "déi awer elo am häertste jäizen, si géife kee Geld bäileeën.", esou de Pirat. Donieft hätten zukünfteg Beschäftegt net méi dee selwechte Statut wéi déi aktuell.
Michel Wolter. Jiddereen ass responsabel fir dat wat e seet
Fir de Michel Wolter vun der CSV wier dogéint alles kloer. De Staat géif d’Weiderbestoe vum System an de Statut vun de Leit garantéieren, an d’Gemengen de Finanzement vum System fir déi nächst 10 Joer, sou de Buergermeeschter vu Käerjeng.
"Den Här Goergen huet elo wärend enger hallwer Stonn erkläert kritt, wéi de System ass, an den Här Goergen, dee geet also 5 Minutten éischter aus der Reunioun eraus, fir Iech dee selwechte Baratin ze erzielen, deen en elo schonn zënter Wochen dobaussen erzielt. Mee jiddereen ass responsabel fir déi Dommheeten, déi hei selwer seet."
Yves Cruchten: Deputéiert hunn all d'Erklärunge kritt
Déi selwecht Meenung hat den Yves Cruchten vun der LSAP. D’Deputéiert aus der Kommissioun, an och de Marc Goergen, hätten all d‘Erklärunge kritt, déi widderleeë géifen, datt et hei zu enger Privatiséierung kéim.
"Wann d’Piraten elo nach ëmmer erauskommen an hei soen, den TICE géif hei privatiséiert ginn, da weist dat just, dass et hinnen ëm soss näischt geet wéi ëm Polemik."
Domat géifen d’Piraten dem TICE a senge Beschäftegte keen Déngscht leeschten.
D’Ministesch Yuriko Backes wollt iwwregens no der Sëtzung, virun der Press näischt soen. Anescht wéi nach virun der Sëtzung zougesot. Hire Generalkoordinator huet dat mat de lafende Gespréicher iwwert d’Zukunft vum TICE erkläert.