Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Gesetz fir Waasserstoff 

Energie

Neit Gesetz fir Waasserstoff 

D’Chamber huet um Donneschdegmëtten eestëmmeg ee Waasserstoff Gesetz gestëmmt, dat ee legale Kader schaaft fir ee Reseau, fir de Stockage a fir den Transport vu Waasserstoff.

auto_stories

1 min

Beim Vott huet et geheescht, Lëtzebuerg géif kee grousse Produzent vu Waasserstoff ginn, mee duerch een Uschloss un d’Reseaue vun den dräi Nopeschlänner géif een zu Lëtzebuerg och u Waasserstoff kënne kommen.

Op mannst ee Bedreiwer

D’Gesetz wäert et erlaben op mannst engem Bedreiwer eng Autorisatioun ze accordéiere fir ee Waasserstoff-Reseau hei am Land ze plangen, ze entwéckelen an ze geréieren. De Choix wäert iwwert eng Ausschreiwung gemaach ginn, huet de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles an der Chamber präziséiert.

De Waasserstoff wäert eng Léisung ubidde fir Schwéiertransporter an Industrien, déi net kënne mat Stroum eleng funktionéieren an déi fir den Ament op fossil Energien ugewise sinn.