Méi wéi 12.000 Aktivitéiten a 34 Modifikatiounen un den Installatioune solle wärend dem Arrêt realiséiert ginn, fir d‘Sécherheet vum Reakter ze verstäerken. Déi ginn als sougenannten Deelrevisioune bezeechent.
Iwwerdeems steet 2027 déi véiert Sécherheetsiwwerpréiwung vun de Reakteren un. Dës Maintenance-Aarbechten déngen als Virbereedung dorop.
D’Reakteren 2, 3 a 4 si weiderhin a Betrib a speise Stroum an dat nationaalt Netz.