D'Sam Tanson erwaart sech, datt d‘Regierung elo eng kloer Analys mécht, wat den Impakt op d‘Stroumpräisser ugeet.
"Grad déi Regierung déi am Fong ugetruede war a gesot huet, si wéilt de Leit Loscht maachen op d'Transitioun, ass amgaangen de Leit d'Loscht ewech ze huelen."
Déi méi héich Stroumpräisser wieren e falscht Signal, virun allem fir déi Stéit, déi op nohalteg Technologië wéi Wäermepompelen an Elektroautoen ëmgeklomme sinn. D‘Sam Tanson fuerdert eng Analys vun den aktuelle Mesuren vun der Regierung.
Kuerzfristeg géif et elo sou ausgesinn, wéi wann et manner intressant wier, mat engem Wäermepompel ze hëtzen, wéi mat engem fossiller Heizung. "An dat kann et an eisen Aen net sinn an dofir si mir der Meenung, datt et de falsche Moment war fir déi doten Decisiounen ze huelen."