Op där neier Plattform kann ee säin eegene Konsum an och seng eege Productioun suivéieren, sou den Energieminister.
Eng „Energie-Auer“
"Et gesäit ee genau, op 15 Minutten, wéi vill Stroum hunn ech consomméiert, wéi vill Gas hunn ech consomméiert, wéi sinn ech par rapport zu menger Referenzleeschtung am Moment ënnerwee?"
Sou géif ee kënnen transparent gesinn, wou ee wéi wäit driwwer oder drënner gaangen ass. Dat wier genau dat, wat de Client bräicht, esou nach de Lex Delles.
Zil wier et eng securiséiert Plattform unzebidden, op där Privatpersounen, Entreprisen oder Gemengen am 15 Minutten Takt nokucke kënne wei vill Stroum a Gas si consomméieren oder och produzéieren. Déi Donnéeë solle méi transparent fir den Notzer ginn, sou d’Laurence Zenner Generaldirektesch vu Creos.
"Déi Plattform soll natierlech och hëllefen, fir d'Digitalisatioun weiderzedreiwen. Dat ass en Theema an der Energie an och en nationaalt Theema, wat ganz wichteg ass."
An Zukunft soll een och Donnéeën iwwert d’Consommatioun vu Waasser- an Hëtzt iwwert dës Plattform ofruffe kennen.