Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat der Wäermt aus dem Buedem hëtzen

Geothermie

Mat der Wäermt aus dem Buedem hëtzen

Et deit ëmmer méi drop hi wéi wann d‘Schatzsich déif ënnert dem Buedem vun der Minettregioun e Succès wier. Rezent geologesch Miessungen hunn erginn, dat déi sougenannte Geothermie hei kéint realiséiert ginn. Dat heescht, waarmt Waasser aus grousser Déift ka genotzt gi fir ganz Quartieren ze hëtzen. An dat ganz ouni Ëmweltbelaaschtung. 

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Geothermie | © Jacques Ganser play_arrow
Foto: Jacques Ganser

Hoffnungen hat ee sech am Energieministère a beim Service géologique vu Ponts et Chaussées scho méi laang gemaach: Am Dräieck Diddeleng, Keel an Esch kéinten d‘Konditioune stëmme fir aus enger 2.000 Meter Déift waarmt Waasser eropzepompelen.

Dofir mussen déi Gestengscouchen, déi waasserduerchlässeg sinn, awer déif genuch leien. Well méi déif bedeit méi Hëtzt. Mat all 100 Meter Déift klëmmt d‘Temperatur ënnert eise Féiss nämlech ëm dräi Grad.

Verlaf vun de Schichten ass intressant

Zu Munneref an zu Lonkech gouf et Déiftebuerungen, mee wéi et dertëschent ausgesäit wousst bis elo nach keen. Dofir gouf am Hierscht 2023 eng grouss Miesscampagne am Raum Esch, Beetebuerg an Diddeleng lancéiert mat Camionen, déi de Buedem un d‘Vibréiere bruecht hunn.

D‘Echoe goufen du wéi bei engem Ultraschall opgezeechent. An déi Opzeechnunge goufen elo ausgewäert, erkläert den Direkter vum Service géologique Robert Colbach.

"Do hu mir ëmmer geduecht, dat wier dann am Beräich Esch, Diddeleng esou änlech wéi eeben zu Munneref oder zu Lonkech, mee et huet sech erausgestallt, dass déi Schichten eeben do bis op mindestens 1.500 Meter déif erofginn, also d'Hallschent méi, wéi mir am Fong bis dohinner geduecht hunn."

Interesséiert war een dobäi virun allem un de Verlaf vun deene Schichten, an deene Grondwaasser leeft.

"Déi Schichten aus dem Paräisser Becken, normalerweis enthalen déi Grondwaasserträger. Dat heescht Schichten, déi porös an duerchlässeg sinn, wou e Grondwaasser dra fléisse kann. Am Géigesaz zu deene Schichte vum Devon, déi ënnendrënner leien, déi normalerweis net vill Grondwaasser enthalen."

Site ronderëm d‘Neischmelz zu Diddelengn huet Potential

D'Konsequenz dovunner wier, datt et relativ plausibel ass, datt een an deene Schichten och Grondwaasser erauspompele kéint, wat da fir geothermesch Energie genotzt ka ginn, erkläert de Robert Colbach.

Et ass also effektiv esou, dat déi interessant Gestengsschichten och déif genuch leie fir waarm Waasser ze liwweren. Waasser, dat eng Temperatur tëscht 40 a 70 Grad kéint hunn. Am interessantsten ass dobäi de Site ronderëm d‘Neischmelz zu Diddeleng.

Déi aktuell Resultater weisen zwar all an déi richteg Richtung, mee elo sinn Déiftebuerungen néideg fir ze klären, wéi eng Temperatur d‘Waasser wierklech hutt a wéi grouss den Debit do ass.

"Dat seet eis awer elo guer näischt iwwer d'Temperatur an och näischt iwwer d'Quantitéit vu Waasser, déi een do kann erauspompelen. Dat sinn also zwee Parameteren, déi mir nach mussen ermëttelen, fir sécher ze sinn, ob een déi Geothermie doru kann notzen."

D'Temperatur, kéint een awer relativ gutt ofschätzen opgrond vun der Déift. Awer wéi vill Waasser do erauszehuelen ass, dat ass eppes, wat vill méi schwiereg ass erauszefannen. "An dowéinst musse mir eng oder méi Buerunge maachen", seet de Robert Colbach. Dat wäert an den nächste Méint a Jore geplangt ginn a realiséiert ginn.

Weider Testbuerungen, fir Risiken ze miniméieren

Sinn déi Facteure gekläert, kéint déi eigentlech Produktioun ulafen. An enger sougenannter Dublette gëtt iwwer ee Buerlach waarmt Waasser aus dem Buede gezunn, iwwer e Wärmetauscher fir Heizzwecker genotzt, an dann nees kal an de Buedem zeréckgepompelt. Ganz Quartiere wéi Neischmelz oder nach Metzeschmeltz kéinten esou ëmweltfrëndlech an zentral geheizt ginn, sou wéi dat op ville Plazen an Europa scho méi laang geschitt, zum Beispill zu Garching bei München.

An dat ouni Niewewierkungen, verséchert de Robert Colbach.

"D'Geothermie ass eng Energieform, déi erneierbar ass. Déi Hëtzt, déi stréimt permanent no aus den Déifte vun der Äerd. Vun deem Standpunkt ass et eng Energieform, déi och grondlaaschtfäeg ass, wéi een dat nennt. Dat heescht, do kann een eigentlech permanent Energie zapen op eng aner Weis, am Géigesaz zu Energieformen, déi elo méi mat der Atmosphär ze dinn hunn oder mat der Sonnenastralung, also Wand a Photovoltaik zum Beispill."

Et wier also "immens gutt" fir domadder Gebaier ze hëtzen a Wärmenetzer ze speisen, esou e Robert Colbach. Et ginn awer och eng Rei Risiken. Fir déi awer besser ze kennen, missten nach eng Rei Testbuerunge gemaach ginn. Sou kann een erausfannen, wéi ee Gestengs sech effektiv ënner dem Buedem befënnt, wéi eng Stoffer enthale sinn, a wéi salzeg d'Waasser ass. Wichteg ass awer och, fir d'Drockverhältnisser ënner dem Buedem erauszefannen. Wann all dës Facteure bekannt sinn, da kann een d'Risiken och miniméieren, esou de Robert Colbach.

D‘Miessung vum Wanter 2023 huet awer net nëmmen a Saache Geothermie Neiegkeete bruecht, eventuell muss och déi geologesch Kaart vu Lëtzebuerg ëmgeschriwwe ginn.

Lauschterenplay_arrow