Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Neikaledonien: Emmanuel Macron wëll Missioun installéieren

Protester no enger Reform

Neikaledonien: Emmanuel Macron wëll Missioun installéieren

No de Protester an Neikaledonien, ass de franséische President Emmanuel Macron elo ënnerwee an dat franséischt Iwwerséigebitt am Südpazifik. Hie wéilt do eng Missioun installéieren heescht et vun engem Spriecher aus dem Elysée.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton)

Nieft 2700 Polizisten, ass an Tëschenzäit och d’Arméi am Asaz.

Hannergrond vun de Protester ass eng Reform, déi virun enger gudder Woch zu Paräis gestëmmt gouf. Doduerch sollen elo Dausende franséisch Bierger an Neikaledonien, d‘Walrecht kréien an domat hätten si méi politeschen Afloss. D‘Onofhängegkeetsbeweegung vun den Urawunner vun Neikaledonie wiert sech dogéint a setzt sech fir en eegene Staat an.