De Mattis Noel, neie President vun der ACEL an zënter dräi Joer Member am Comité, huet sech am 100,7-Interview optimistesch fir dat nächst Joer gewisen. Datt een net an de Sozialronnen iwwer d’Pensiounsreform matagebonne gi wier, kritiséiert d’ACEL. Mee dowéinst géif een awer elo d’nächst Joer an den Experteronne vun der Inspection générale de la sécurité social (IGSS) sëtzen.
Aus Studentefoire gëtt Zukunftsfoire
Den Ament géif een dann och un engem neie Konzept vun der Studentefoire schaffen, déi dann Zukunftsfoire heesche soll. De Mattis Noel mengt net, datt d’ACEL u Gewiicht bei der Organisatioun vun der Studentefoire géif verléieren, wann elo méi Acteure matagebonne ginn.
“Ech mengen do wäerte mir net onbedéngt u Poids verléieren an där Organisatioun.”
Wou déi nächst Zukunftsfoire soll sinn, dat ass nach net gewosst. An der Diskussioun stinn de European Convention Center, d’Coque an d’LuxExpo. Den Ament wier een nach amgaange Pro-Kontra-Lëschten ze maachen, esou de Mattis Noel.