arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: Attitüd vum Premier ass keng gutt Viraussetzung fir d'Sozialronn

No Remarke vum Luc Frieden

|
headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow

Nicolas Schmit: Attitüd vum Premier ass keng gutt Viraussetzung fir d'Sozialronn

Wou steiert déi Lëtzebuerger Ekonomie hin? Dat wier eigentlech déi Fro, mat där d'Sozialpartner sech um Méindegmëtteg un den Dësch misse setzen, mengt de fréieren LSAP-Minister an EU-Kommissär, den Nicolas Schmit.

headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow
De fréieren EU-Kommissär Nicolas Schmit (LSAP) | © Michelle Barthel
De fréieren EU-Kommissär Nicolas Schmit (LSAP) (Foto: Michelle Barthel)

De Premierminister Luc Frieden misst iwwerdeems seng Attitüd op d'Säit leeën, déi géif nämlech drop hiweisen, datt de Premier vun Ufank un d'Gewerkschafte wollt méi kleng kréien, mengt den Nicolas Schmit. Hie bezitt sech domat ënner anerem op d'Remarke vum Premierminister um Summerfest vun der CSV. D'Reaktioun vun de Gewerkschafte wier iwwerdeems ganz raisonabel gewiescht, esou den Nicolas Schmit. 

Fir d'Gespréicher tëschent de Sozialpartner, déi de Méindegmëtteg um 2 Auer weiderginn, wier dat keng gutt Viraussetzung, esou den Nicolas Schmit. 

"Et muss ee fir d'éischt mol identifizéieren: ëm wat geet et? Ass d'Pensiounsreform dat zentraalt Theema? Oder gëtt et och nach aner Theemen? Fir mech ass d'Theema: wou steiert d'Lëtzebuerger Ekonomie hin?"

Mat méi laangen Ëffnungszäiten oder och méi Butteker, déi sonndes hir Dieren opmaachen, domat géifen d'Problemer vum der Lëtzebuerger Ekonomie net geléist ginn, esou den Nicolas Schmit.

play_arrow Lauschteren